Geméisfeld 2020

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eisen Haffbuttek

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eisen Haffbuttek

DE KLENGEN HAFFBUTTEK

Mir hunn e klengen Buttek op dem Haff. Do verkafen mir eis eegen hiergestallten Produkter.

demeter MËLLECH

am Summer „Weidemilch“ am Wanter „Heumilch“

demeter FLEESCH

vun eisen Déieren: Kallef, Rand, Schwäin, Schof, Kanengchen

demeter GEMÉIS

aus eisem Feldgaart: Gromper, Muerten, rout Rommelen, Ënnen, Zucchini, Tomaten …

demeter HUNNEG

vun eise Beien & och selwergemaachten Käerzen vun eisem Beiewues

BIO-SIRUP & BIO-GEBEESS

vun Hielännerbléien an Friichten

Mir wëllen sou nohalteg an ëmweltfrëndlech wéi méiglech eis Produkter verkafen. Bréngt dofir w.e.g. är Posch mat fir alles anzepaken.
Mir verkafen villes am Glas an huelen dëst och erëm propper gespullt zréck.

Aus hygienesche Grënn muss dat frëscht Fleesch Vakuum verpaakt sinn. Wann dir awer bei enger Bestellung är Behälter matbréngt, kënnt Dir d’Fleesch och doran mat heem huelen.

De Buttek ass op: samschdes vun 9 bis 15 Auer (Aner Zäiten sinn méiglech no Ofsprooch)

Eis aktuell Offer

Gebeess

9. Oktober 2019

Hunnig

9. Oktober 2019

Gromper

9. Oktober 2019

Hielännersirup

8. Oktober 2019

Rout Rommelen

8. Oktober 2019

Salami

8. Oktober 2019

Mëllech

8. Oktober 2019

Muerten

8. Oktober 2019

Hei kënnt Dir bestellen!

Button Text







    Wat ass ?

    De Kaes-Haff gëtt no den Demeter-Richtlinien bewirtschaft. Dës Richtlinien sinn aus der „ biologisch-dynamischen Bewegung“ eraus entstanen, déi sech 1924 gegrënnt huet, inspiréiert vun dem Rudolf Steiner sengen 8 Virtéi iwwert Landwirtschaft.
    D’Methoden an Moossnamen, déi an der biologisch-dynamischer Wirtschaftsweis applizéiert ginn, hëllefen dem Buedem, de Planzen, den Déieren an dem Mënsch sech sengem Wiesen no ze entwéckelen. Dat weist sech an der héijer Qualitéit vun de Produkter .

    De biodynamischen Ubau vun Planzen ass déi nohaltegst Form vun der Bewirtschaftung. Si suergt derfir, datt d’Humusschicht bestänneg wiisst.
    Am Kontext vun der Klimaverännerung ass dëst vun enormer Bedeitung, well am Humus grouss Quantitéiten vun Kuelendioxid gebonne ginn. Duerch d’Ausbréngen vun de Präparater aus Mëscht, Mineralien an Heelplanzen gëtt d’Buedemfruchtbarkeet vun der biodynamischer Landwirtschaft gefërdert an den Aroma vun de Liewensmëttel intensivéiert.