Geméisfeld 2020

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eis Déieren

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eist Team fir Iech

 

Biologisch.
Dynamisch.

De Kaes-Haff

De Kaes-Haff

… läit zu Lëtzebuerg am Éislek tëschent Dikrech an Housen un der N 7 op 496 m i.N.N. am Naturpark Our. Den biodynamischen Haff huet eng landwirtschaftlech genotzten Fläch vun 62 ha , dovun sinn 36 ha Gréngland an 26 ha Akerland . Den allergréissten Deel vun dësen Flächen läit an dem Ëmkrees vun eisem Haff. Nieft Kuer, Weess an Huewer gëtt Kléigras op de Felder ugeséint. Am Geméisfeld ginn biodynamisch Gromper, Muerten, Ënnen, rout Rommelen, Kabes asw. ugeplanzt. D’Häerz vum Haff sinn 30 bio Mëllechkéi mat Nozuucht an e Stéier; Schof (schwarze Bleeskapp); Kanéngercher; Schwäin; Beien; 1 Hond an vill Katzen. 2007 huet den Haff d’Ëmstellung vun konventionell op „bio“ an „demeter“ ugefaange. 2009 krouch den Haff den Demeter-Label. Demeter d.h. mir wirtschaften biologisch-dynamisch. Konschtdünger oder Planzeschutzmëttel ginn net agesat. Eis hauseegen Mëscht a Piff sinn déi eenzeg Dünger déi op eis Felder ausbruecht ginn. Biologisch-dynamisch heescht och, datt mir probéieren Liewensmëttel hierzestellen, déi souwuel dem Mënsch, dem Déier an der Natur gerecht ginn. Vum fréien Fréijoer bis an de spéiden Hierscht sinn eis Déieren dobaussen op den Wisen. Am Summer kommen d’Kéi moies an owes 1 Stonn an de Stall fir gestrach ze ginn a ginn dann erëm raus op d’Weed. Eisen Haff fiddert am Wanter nëmmen Hee, kee Silo. Wéi eisen Haff 2014 aus dem Duerfkär raus an d’Gréngzon geplënnert ass hu mir vun deem Moment un nëmmen nach Hee gemaach an an eiser neier Heutrocknung gedréchent. D’Déieren sinn vill méi gesond well d’Fudder hirer Verdauung ugepasst ass. D’Mëllech bleift ganzt Joer duerch vun enger gläichbleiwender Qualitéit.

De Buedem

Eis Felder bestinn aus verwittertem Schieferbuedem.
Well de Buedem ganz duerchlässeg ass, brauch hien vill Waasser.
Wann et méi wéi eng Woch net reent, fänken d’Planzen un ze leiden.
Déi verschidden Drëschenperioden an de leschten Joeren hunn eisem Haff dofir och schwéier zougesat.
Verschidden Kulturen kommen dofir net a Fro fir an eise Géigenden ugeplanzt ze ginn, well net genuch Waasser fir ze nätzen zur Verfügung steet.
Mir loossen dem Buedem souwäit wéi méiglech seng Rou an fueren net a schlechte Wiederkonditiounen an d’Feld

D’heedréchenanlag

Eis Scheier um Haff gouf sou geplangt, datt eng Heedréchenanlag dran funktionéieren kann.
Dat ugedréchent Gras gëtt an d’Scheier bruecht.
Mat dem Kran gëtt et an d’Heebox gehäit. Do bléist een iwwerdimensionalt Gebléis d’Gras dréchen.
Dat sou schounend hiergestallten Hee enthält vill méi Inhaltsstoffer wéi wann et um Feld vun der Sonn ausgedréchent gi wir.
D’Hee bleift schéin gréng an der Faarf an et richt immens gutt.
D’Déieren iessen et mat groussem Genoss.

Besicht eis

KAES-HAFF    1 , Henkesbësch l L-9835 Hoscheid-Dickt

Zuglinie 10     Buslinie 555 & 552

LABEL & SIEGEL