Biologisch.
Dynamisch.

Eise Stall

 

Biologisch.
Dynamisch.

De Kaes-Haff

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eise stall

De Stall

No der Ëmstellung op „demeter“ war kloer, datt mir net laang an dem alen Stall, Baujoer 1976, bleiwen konnten. D’Kéi waren ugestréckt a konnten am Wanter net raus. Iwwerall war e Schapp zu engem Stall ëmfunktionéiert fir den Déieren genuch Plaz ubidden ze kënnen. Vun 2010 un hunn mir Pläng fir e neien Aussiidlerhaff um Bord vum Duerf gemaach. No 3 Joer plangen an Geneemegungen ufroen konnten mir dunn 2013 mat dem Projet ufänken. An enger 1. Phase sollt e Stall mat enger Scheier entstoen. De Stall gouf hallef oppen gebaut, sou datt d’Déieren ëmmer an der frëscher Loft sinn, Summer wéi Wanter. De Klima am Stall ass immens agreabel fir d’Déieren. Si fillen sech wuel am Scheed, am Reen an am Schnéi. Déi immens grouss Lafboxen ginn hinnen all Komfort fir sech no hirer Loscht ze beweegen. D’Liegeboxen sinn bequem an d’Déieren leien gären dran.

De Melkstand

De Melkstand ass en Autotandem fir 6 Kéi gläichzäiteg ze sträichen. Duerch déi nei Technik ass et eng ganz angenehm Aarbecht fir Mënsch an Déier, déi ganz ouni Stress ofleeft.