Biologisch.
Dynamisch.

Eis Déieren

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eis Déieren

 

Biologisch.
Dynamisch.

Eis Déieren

EIS DEIEREN

De gréissten Deel un Aarbecht deen um Haff all Dag geleescht gëtt huet mat den Kéi ze dinn. Moies an owes sträichen, fidderen a mëschten. No deem Plang ass den Dag strukturéiert. Ëmmer ëm déi selwecht Zäit mussen dës Aarbechten am Stall geleescht ginn. All aner Aarbechten ginn virdrun oder duerno erleedegt. All Déieren op dem Haff sinn vun eis selwer geziicht. Mir kafen keng Randbéischten bäi. Doduerch huet sech eng zimlech homogen Häerd entwéckelt , déi sech gutt dem Buedem an dem Klima ugepasst huet. D’Kéi ginn am Duerchschnëtt 6300kg Mëllech pro Déier am Joer. Am Summer sinn d’Déieren all dobaussen op der Weed.

Kéi

Eisen Haff steet op verschidden Pilier’en. De wichtegsten sinn d’Mëllechkéi mat hirer Nozuucht. Si maachen de Kär vun eisem Haff aus. All Kou huet hiren eegenen Numm. All Randbéischten hunn Haren, wat wichteg ass fir d’Wuel vun den Déieren an fir d’Qualitéit vun der Mëllech.

Schwäin

Mir kafen am Fréijoer beim Kass-Haff zu Rolleng / Miersch 5 Fierkel.
Si ginn op eisem Haff grouss. Si kréien nëmmen Fudder dat op eise Felder gewuess ass.
Am Hierscht ginn d’Gusse geschluecht. Hiert Fleesch ass fir de Verkaf bestëmmt.

Schof

Eis Schof sinn vun der Rass „Zwartbles“. Et ass eng Doppelnutzungsrass, d.h. d’Mammeschof ginn Mëllech an si hunn och Fleesch. Mir sträichen d’Schof net. D’Mëllech ass integral fir hiren Nowuess. Déi männlech Déieren ginn no 6 Méint geschluecht an direkt vum Haff verkaaft.

Kanéngercher

2 Mammendéieren an 1 Bock sinn d’Basis vun eiser Zuucht. D’Mammen kréien 2mol Klenger , sou datt ongeféier 25 Kanéngercher am Hierscht kënnen geschluecht a verkaaft ginn. D’Gewiicht vun enger Kanéngchen am Verkaf läit bei +/-2 kg. D’Kanengercher ginn bio gefiddert. Si sinn awer net bio-zertifizéiert.

Beien

Zanter 2005 ( nach virun dem landwirtschaftlechen Betrib) sinn eis Beien no demeter Richtlinien gehale ginn. Et gëtt net an déi natierlech Bauweis vun de Beien agegraff. Eng eidel Rum geet duer fir datt déi fläisseg Insekten eng wonnerbar Wab mat hiren 6 eckegen Zellen wéi een Meesterarchitekt bauen. Mir huelen nëmmen souvill Hunneg vun den Beien wäsch, wéi si ofginn kënnen. Et bleift hinnen genuch fir iwwert de Wanter ze kommen.